ALS FRÄIWËLLEG AM ASAZ A BOLIVIEN
Zanter dem 1. Juni 2024 lieft a schafft d’Lena Erpelding zu Cochabamba a Bolivien. Mat NIÑOS DE LA TIERRA an iwwert de Programm « Service Volontaire de Coopération » vum SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE (SNJ) engagéiert sech d’Lëtzebuergerin fräiwëlleg fir ee Joer bei eiser Partnerorganisatioun FCVB. Eis Delegatioun hat am Kader vun hirer Projetsvisite d’Chance, d’Lena bei senger Aarbecht ze erliewen a sech mat him auszetauschen.
Nitis : Lena, kanns du eis erzielen, firwat s du dech fir dëse Fräiwëllegendéngscht engagéiert hues ?
Lena : D’Iddi, fir mech fir e Service Volontaire am Ausland ze engagéieren, hat ech eigentlech schonn ëmmer. Ech si ganz einfach e Mënsch, dee gären hëlleft.
D’lescht Joer huet dunn den Zäitpunkt perfekt gepasst, fir aktiv ze ginn. Ech hat en Diplom als Educatrice an als Ergotherapeutin an der Täsch a wollt mech nëtzlech maachen. No engem éischte Gespréich mam SNJ hunn ech mir déi verschidde Projeten, déi vu Lëtzebuerger ONGe proposéiert ginn, ugekuckt an ee Projet vun Niños de la Tierra huet mech direkt ugeschwat.
Ech hu Kontakt mat ärer ONG opgeholl an d’Chimie huet direkt gestëmmt. Wärend menger Virbereedung gouf ech ganz léif vun iech begleet.
Nitis : Erziel eis e bëssen, wat s du genee hei méchs a wéi s du liefs.
Lena : Ech wunnen hei zu Tirani direkt nieft dem Kannergaart, an deem ech schaffen. D’Wunneng deelen ech mat dräi Volontärinnen aus Däitschland. Mir ginn immens gutt eens mateneen, och wa si e gudde Krack méi jonk si wéi ech. Zesumme mat enger bolivianescher Erzéierin schaffen ech 35 Stonnen an der Woch mat 16 Kanner, déi tëscht zwee an dräi Joer al sinn. Um Programm sti Spiller, Ritualer (Sangen, Danzen…) an aner pädagogesch Aktivitéiten, bei deene mir drop oppassen, reegelméisseg d’Feinmotorik, d’Grobmotorik, d’Sprooch an de soziale Volet ofzedecken. D’Fräispill ass natierlech och wichteg. Reegelméisseg evaluéiere mir d’Kanner a mir probéieren, hir Fortschrëtter ze dokumentéieren. Duerch dës Observatioune kënne mir da Prioritéiten an individuell Fördermoossname festleeën. Ech fannen, datt hei ganz professionell geschafft gëtt. Mir drénken och all Dag mat de Kanner Kaffi a mir iesse mat hinnen ze Mëtteg. Zu den Aufgabe vun eis gehéieren och Saache wéi Kieren a Botzen 😉
Zweemol an der Woch fueren ech nomëttes an d’Stad (Cochabamba) fir e Meedchen individuell ze ënnerstëtzen. Dat Kand konnt virun e puer Wochen trotz senge fënnef Joer nach guer net schwätzen an elo gesi mir scho ganz vill Fortschrëtter.
A menger Fräizäit ginn ech an Danzcoursen an ech hu geplangt, och nach e bëssen duerch Bolivien ze reesen, fir d’Land besser kennen ze léieren.
Nitis : Mir géingen eis elo freeën, wann s du eis op all Fro dräi spontan Äntwerte kéints ginn. Bass du prett ?
Lena : A lass !
Nitis : Wéi fills du dech ?
Lena :
- dankbar !
- ukomm !
- sprachlos !
An nach e klengen Zousaz : Ech hunn eng Freed a mir, déi all meng Erwaardungen iwwertrëfft. Ech bereien et keng Sekonn, datt ech mech fir dëse Projet engagéiert hunn.
Nitis : Wat waren deng Bedenken oder deng Ängschten, ier s du hei a Bolivien ukomm bass ?
Lena :
- Einsamkeet,
- Schwieregkeete mat der spuenescher Sprooch,
- Sécherheetsbedenken
Nitis : Hu se sech bestätegt ?
Lena : Op kee Fall. Ech hu ganz séier Uschloss fonnt, ech verstinn a schwätzen elo gutt spuenesch an ech fille mech ganz sécher hei.
Nitis : Wat hues du da bis elo hei geléiert ?
Lena :
- Genügsamkeet
- Flexibilitéit
- Gedold
Nitis : Nenn dräi Saachen, déi hei a Bolivien komplett anescht si wéi zu Lëtzebuerg.
Lena :
- de Lifestyle
- d’Denkweis vun de Leit
- d’Wieder
Nitis : Bei der nächster Fro kanns du méi an den Detail goen. Wat sinn deng dräi Top-Erliefnësser bis elo ?
Lena :
- Ech war um Ofschlossfest vun engem Kachcours, deen d’Fundación organiséiert hat. Dee Moment, wou d’Meedercher, déi matgemaach haten, hire Certificat kruten, huet mech staark markéiert. Jidderee war esou glécklech an dankbar.
- Ech hunn eng Kéier eise Sozialaarbechter begleet bei senger Aarbecht (Projet Puriskiris, och FCVB) a mir sinn an de Süde vu Cocha gefuer. Do hunn ech Mënsche gesinn, déi a schrecklecher Aarmut wunnen. An awer hunn si alles gemaach, fir mech wëllkomm ze heeschen. Hinne war et wichteg, datt ech mech wuelfillen an net kal ginn. Déi Gaaschtfrëndschaft gesinn ech ëmmer erëm an se beandrockt mech ganz déif.
- Mat deenen anere Volontärinnen war ech e Weekend op La Paz/El Alto gefuer. Well et scho spéit war, huet eng Persoun, där mir direkt vertraut hunn, sech ugebueden, eis erof an den Zentrum ze féieren. Wéi mir erausgeklomm sinn, sot se eis, datt si keng Sue wéilt, an datt et elo un eis wier, anzwuesch anescht eppes Guddes ze maachen. Dat huet mech inspiréiert.
Nitis : Nenn eis fir ofzeschléissen dräi Saachen, déi dir feelen.
Lena : (laacht). Dat ass einfach.
- eng gutt Pizza
- gudde Schockela
- knackegt Geméis.
Nitis : Lena, mir soen dir Merci fir dëst Gespréich a wënschen dir weiderhi vill Zefriddenheet hei a Bolivien!
Lena : Et ass gär geschitt !
Lena Erpelding a Marianne Schummer
Dëse Fräiwëllegendengscht gëtt vum SNJ an eiser ONG encadréiert.
Méi Infoen op www.volontaires.lu an www.niti.lu