Frühere Freiwilligeneinsätze

Wir freuen uns, Ihnen unsere neue Freiwillige Alissa Franz vorstellen zu können.
Alissa, 19 Jahre, reiste am 12. August 2019 ab, um ein Jahr in Tirani in Bolivien zu bleiben. In Tirani wird sie in einem unserer kofinanzierten Projekte arbeiten. Sie wird das Kindergartenteam und das Bildungsteam des Schulunterstützungszentrums unterstützen.
Diese Erfahrung ist dank des Programms des Freiwilligendienstes für Zusammenarbeit des Nationalen Jugenddienstes möglich.
Wir wünschen Alissa einen guten Start und eine Rückkehr mit viel Erfahrung!

Alissa Frantz

Départ au Findel: Marie-José Kohn-Goedert, Alissa Franz, Marco Hogffmann, Julie Kipgen d.g.à.d.

______________________________________________________________________

Unser erster männliche Freiwillige 2017/2018

Seit Anfang August 2017 ist David Hoffmann als Kooperant von Niños de la Tierra im Rahmen des Service Volontaire des SNJ in Chile tätig.

In der Escuela Popular de Artes (EPA) im Armenviertel Achupallas in Viña del Mar arbeitet er ein Jahr lang als Musiklehrer; er erteilt Perkussion- und Klavierunterricht und hilft auch in der Administration.

David hatte vor seiner Abreise nach Chile in Luxemburg eine Spendenaktion gestartet, und mit dem Erlös ein Marimba für die EPA gekauft. Er unterrichtet ebenfalls einige Schüler auf diesem Instrument.

David Hoffmann beim Abschied auf Findel mit seinem Vater Marco sowie Claire Zimmer (links) und Julie Kipgen (rechts) von der VOLO-Gruppe von Niños de la Tierra

Weitere Informationen über den Aufenthalt unseres dynamischen Freiwilligen in Chile findet man auf Davids Blog-Seite: https://vinadelmar.blog

______________________________________________________________________

Rückkehr der Freiwilligen 2014/2015

2014/2015 waren zwei junge Freiwillige von Niños de la Tierra im Rahmen des „Service Volontaire de Coopération“ des Service National de la Jeunesse (SNJ) in Institutionen unserer Projektpartner im Einsatz:

Anfang August 2015 kehrte Tonie Schweich nach einem Jahr Freiwilligendienst im „Sonqo Wasi“, dem Haus für Frauen, die Opfer häuslicher oder sexueller Gewalt wurden, in Cuzco/Peru nach Luxemburg zurück.

Auch Salomé Heindrichs beendete ihr Freiwilligenjahr im Kindergarten Ch‘askalla der FCVB in Tirani/Bolivien.

______________________________________________________________________

Neue Freiwillige 2015/2016

Im selben Monat brachen zwei neue Freiwillige nach Bolivien auf, ebenfalls im Rahmen des Service Volontaire des SNJ, um sich für ein Jahr in den Dienst von benachteiligten Kindern zu stellen:

Anne &ClaireIMG_5115crop
Claire Zimmer (rechts) aus Bettemburg in Tirani/Cochabamba und
Anne Speltz (links) aus Noertzingen in Chokaya/Cochabamba.

Anne und Claire haben eine gemeinsame Internetseite erstellt, auf welcher sie in regelmäßigen Abständen über ihre Arbeit, ihre Eindrücke vom Leben in Bolivien usw. berichten: https://annayclaraencocha.wordpress.com/

Zusammen mit dem VOLO-Team von Niños de la Tierra haben die beiden sich auf ihr FWjahr vorbereitet. Kurz vor ihrer Abreise trafen wir uns ein letztes Mal zusammen mit unserem Präsidenten Claude Schweich, um Anne und Claire zu verabschieden und ihnen viel Glück und Freude in ihrem Dienst aber auch Durchhaltevermögen und Ausdauer bei ihrer nicht immer leichten Aufgabe zu wünschen.

_________________________________________________________________________

SOIRÉE BOLIVIENNE

organisée par notre volontaire Mélanie Braquet

soirée bolivienne______________________________________________________________________

Renouvellement de l’agréation de Niños de la Tierra a.s.b.l.

au Service Volontaire des Jeunes du SNJagréation SNJ 2014-2015 document

______________________________________________________________________

Zwei neue Freiwillige

Mitte Juli kam Mélanie Braquet wohlbehalten nach einem Jahr Freiwilligendienst in Tirani/Cochabamba/Bolivien zurück nach Luxemburg.

Einen Monat später, Mitte August, reiste Salomé Heindrichs ebendorthin, um ihrerseits ein Jahr als Freiwillige im Kindergarten Ch’askalla in Tirani zu arbeiten.
http://living-life-in-bolivia.blogspot.com/

Salomé signiert

Unterschreiben der Freiwilligen-Konvention zwischen Salomé und Niños de la Tierra

Am 19. August trat Tonie Schweich ihr Freiwilligenjahr im „Sonqo Wasi“, dem Haus für Frauen, die Opfer häuslicher oder sexueller Gewalt wurden, in Cuzco/Peru an.
www.tonieenperu.weebly.com

Départ Tonie

Abschied von Tonie am Flughafen

 _________________________________________________________________________

No 8 Méint op Besuch a Bolivien

Interview mat der Mammn vun eiser Volontairin Mélanie Braquet

2014-04-26 18.19.57

Wéi ass et fir Iech, Är Duechter ee Joer resp. 8 Méint laang net ze gesinn?

Am Ufank war et schonn zimlech haart, déi laang Zäit virun sech ze gesinn. Am Schwéierste war et, mäi Meedchen an dat ganz Onbekanntent ze loossen. Wéi et du bis gutt dohannen ukomm war a ganz zefridden Nouvelle koumen, du war et schonns méi einfach, sech drop anzestellen. An hautdesdaags gëtt et jo Skype a wou mer du mol konnte matenee schwätzen an eis iwwer Kamera gesinn, dat huet scho gehollef.

Hutt der Är Duechter erëm erkannt? 🙂

D’Mélanie wousst schonn ëmmer zimlech, wat et wollt a wann et sech zu eppes engagéiert hat, dann huet et dat och duerchgezunn. Mee et ass ganz sécher duerch dës Erfahrung vill méi räif ginn. Ech war ganz beandrockt, wéi ech et gesinn hunn, mat deene klenge Butzen ëmgoen, ouni sech aus der Fassung bréngen ze loossen, an awer ganz léif an douce.

Wat huet Iech besonnesch um Projet zu Tirani gefall?

De Projet zu Tirani ass schonn den Asaz wäert an ech si frou, datt e ka weidergefouert ginn. Di Responsabel hu mer all ganz sériös an engagéiert geschéngt. Eng vun hinnen huet mir agestanen, datt si ënnert där däitsch/lëtzebuerger Opsiicht geléiert hunn, ganz genau Gestioun ze féieren a Bilanen ofzeliwweren. Nodeems wat ech soss esou a Bolivien erlieft hunn, schéngt d’Improvisatioun éischter d’Regel ze sinn.
Virun allem awer herrscht allgemeng eng freedeg, faarweg a positiv Atmosphär zu Tirani. Ech froe mech just, wéi si all déi Kanner géinge Meeschter (ca. 120) ginn, wann déi 5 Fräiwëlleger hinnen net ënnert d’Ärem géinge gräifen.

P1000839

Waart Dir nach aner Projete besichtegen?

Mir 2 haten zesummen eng Woch Vakanz am Perú gemaach an dobäi ware mer och zu Cusco d’Fraenhaus besichen. Hei gi jonk Fraen, déi ausgenotzt oder maltraitéiert goufen, mat hire Kanner fir eng Iwwergangszäit opgeholl an et gëtt hinne moralesch, juristesch an organisatoresch gehollef, an der Gesellschaft op eegene Féiss ze stoen. Och do war den Accueil ganz häerzlech an déi ganz Organisatioun huet eis eng gutt Impressioun hannerlooss.

Wat huet Iech besonnesch beandrockt, erschreckt oder och beréiert?

Beandrockt: déi allgemeng Zefriddenheet vun de Leit mat deem Wéinege wat se hunn, zum Deel esouguer Passivitéit par rapport zu hirem Schicksal.
Erschreckt, wéi ech den Zoustand vun e puer aarmséilegen Häipercher gesinn hunn am Hannerland vun Tirani, wou d‘Kanner musse wunnen, déi eng mat hirem aarbechtslosen, alkoholkranke Papp, déi aner eleng, vu béid Elteren am Stach gelooss.
Beréiert ware mer allen 2, wéi eis déi jonk Mammen, déi deelweis net vill méi al ware wéi mäi Meedchen, hir Liewensgeschicht erzielt hunn. Mir hunn zwar net vill vun hirer Mëschung aus Spuenesch a Quetchua verstanen, mee d’Tréinen an hiren Aen hu genuch gesot..

Wat hutt Der vun Ärer Rees mat zeréckbruecht? (Gedanken, Erfahrungen, Froen…)

Eng Onmass Impressiounen hunn ech matbruecht, vill faarweg Biller vu wonnerschéinen, quasi onberéiert Landschaften, vu genausou faarwegen, zwar zeréckhalenden, awer frëndleche Leit, och, wat mech selwer ugeet, méi Zefriddenheet an e bësse méi Geloossenheet géintiwwer dem Stress, dee mir eis selwer oft maachen.

Vläicht eng kleng witzeg typesch bolivianesch-Rees-Anekdot!? 😉

Den éischte Weekend a Bolivien sinn ech mam Mélanie an den Chapare gefuer, den Ufank vum Dschungel, bis op di kleng Uertschaft Villa Tunari, eng 120 km vu Cochabamba ewech. Mir si mat engem Trufi gefuer, sou wéi d’Bolivianer dat maachen, well et méi bëlleg ass a well ech jo sollt dat richtegt Bolivien kenneléieren an net dat wat d’Touriste gesi, wann se organiséiert fueren! Mir souzen also zu 9 Persounen zesummegedréckt an deem klengen, hallef futtisse Minibus – Sandweiler gëtt et do net – Gepäck an der Mall, Gepäck uewen um Daach, a sinn drop lass gejuppelt. Well eis hënnescht Banquette duerchgebrach war, hat ech no enger Stonn vum kromme Sëtzen de Réck wéi an hunn d‘Mélanie gefrot, fir ze wiesselen. „Wann et dech net stéiert, widdert engem schweessege Bolivianer ze sëtzen?“ Mir hunn also gewiesselt, well dat war dat mannsten Iwwel. D’Rees sollt schlussendlech 6 Stonnen daueren… Afenhëtzt, Stau wéinst Biergrutsch, Stau wéinst Kontrollposten (matten an de Cocafelder), duerno Reen (mir ware jo schliisslech am „Reebësch“). Well eise klengen Touroperater vu Cochabamba vergiess hat, eis een Hotelszëmmer ze buchen, hu mir eis dunn op enger Adress ofsetze gelooss, déi an eisem Reesguide (vun 2014!) stoung: Pech, domm gaang, hei war leider alles zou, ouni Pancarte op der Paart, an eisen Trufi war scho weidergefuer. Du stounge mer du wuertwiertlech am Reen!

Wëllt Dir de Leit nach gären eppes matdeelen?

Fir sou ee Fräiwëllegendéngscht gëllt bestëmmt, wat oft gesot gëtt: et kritt een duebel rëm wat een vu sech selwer gëtt. Dat bréngt eng immens Liewenserfarung mat sech. Sou ee Projet muss natierlech gutt duerchduecht a moralesch virbereet ginn, well ee virzäiteg ofgebrachene Projet ka genausou eng traureg Experienz sinn, souwuel fir de Fräiwëllege selwer, wéi och fir di aner aus der Equipe.

Wat Bolivien ugeet, dat kann ech nëmme recommandéiere fir Touristen, déi wëlle Land a Leit kenneléieren, nach villfach wëll an onerfuerscht, mee et däerf ee sech net ze vill Confort erwaarden.

Denkt Dir, datt dësen Openthalt Är Duechter nohalteg beaflosst; a wéi enger Hisiicht?

Op jidder Fall. Scho nëmmen d’Bewosstsinn, esou ee Projet duerchgezunn ze hunn, sech eleng duerchgeschloen ze hunn an och eng gutt Aarbecht geleescht ze hunn, dat kann ee Charakter jo nëmme stäerken. Hatt wäert sech zwar wahrscheinlech oft missen a Gedold üben, wann et hei zréck an Europa an zréck zu Lëtzebuerg op di leider vill verbreede klengkaréiert an onzefridde Mentalitéite stéisst.

D‘Froe goufe gestallt vum Grupp „Volontariat“ vun Niños de la Tierra

_____________________________________________________________________