David Hoffmann

eisen neie Volontär am Chile

Den 2. August ass den David fir e Volontariat vun engem Joer an der Konscht- a Museksschoul „Escuela Popular de Artes“ zu Viña del Mar am Chile opgebrach.

Hei e puer vun sengen éischten Impressiounen:
… Am Haus wou ech wunnen, ass alles cool (och am wuertwiertlechen Sënn), et ass schwäikal!! Mee mat Schlofsak a Fleece ass dat alles kee Problem. D’Señora Carmen ass super fein an kacht saugudd.
Ech war elo scho fir d‘zweet an der wöchentlecher Reunioun vun der „Equipo“.
Moies prouwen ech oft fir mech selwer oder schaffen um Austausch-Projet. Ech këmmere mech och drëm, d‘Schüler e bëssi op d‘Rees virzebereeden, hinnen nach e bëssi Basis Englesch bäizebréngen.
Mëttes, da ginn ech, wann d‘Percussiouns-Coursen sinn, an déi kucken an dat leeft oft dann dorop eraus, dass mir zu zwee dee Cours halen an ech déi Saache ka bäisteieren, déi ech sou weess. Dat ass e sauflotten Austausch, well déi meescht Proffen hei, si fantastesch Museker an hunn een enormt Wëssen.
Ech hunn och elo schon 3 Pianosschüler an zwee Percussionisten. Ech plangen och nach, eng Band ze grënnen an soubal d‘Schüler prett sin, och en Ensemble mat Marimba.
Wat sou extern Aktivitéiten ugeet, huet den Alexis mech schon op wierklech vill Saache matgeholl. Ech konnt schon e Batteur an enger Profi-Bigband zu Valparaiso ersetzen, a bis elo all Freiden op der Jam Session hei am Centre Culturel spillen.
…Musek ass einfach dee schnellsten Moyen fir Leit kennenzeléieren, et ass wierklech verréckt.
Also am Resumé, mir geet et gutt!! Mol kucke wat nach sou kënnt!

Op mengem Blog https://vinadelmar.blog kënnt dir noliesen, wat et hei esou Neies gëtt.

David