Aktuelles

DU BASS MOTIVÉERT, DECH AN ENGEM VUN EISE PROJETSEN A BOLIVIEN ODER AM PERU ALS VOLONTÄR(IN) ZE ENGAGÉIEREN?
Du hues tëschent 18 an 30 Joer? Jo…? Da brauchs du just nach:

• zolidd Kentnisser am Spueneschen
• Flexibilitéit an Onofhängegkeet
• eng sozial Oder
• Loscht fir ze schaffen an Initiativen ze huelen
• bereet fir nei Impressiounen


Dëse Fräiwëllegendéngscht gëtt begleed vum Service national de la Jeunesse www.volontaires.lu a vun eiser ONG Niños de la Tierra www.niti.lu.

_________________________________________________________________________

MARA MAZZA, eis nei Volontärin zu Tirani

Zanter Mëtt Oktober mécht d‘Mara Mazza e Fräiwëllegendéngscht zu Tirani/Cochabamba, am Kader vum « Service Volontaire de Coopération » vum Service National de la Jeunesse, deen duerch Niños de la Tierra erméiglecht gëtt. Virum Départ huet d’Mara sech gutt op säin Engagement virbereet : Nieft de Formatioune vum SNJ an dem Léiere vun der spuenescher Sprooch gouf et en intensiven Austausch mat Niños de la Tierra iwwert de Projet u sech, d’Realitéit um Terrain, d’Erwaardungen an d’Motivatioun. D’Mara konnt och d’Partnerorganisatioun FCVB iwwer Videokonferenz kenneléieren, déi hatt am Projet Tirani ophëlt a begleet. 2 Nitis-Volontären zu Tirani: Lena a Mara Léift Mara, mir gratuléieren dir fir deng Entscheedung, e ganzt Joer mat de Kanner an der Struktur zu Tirani ze schaffen a mir wënschen dir vill Freed, Ausdauer a Satisfaktioun bei denger Aarbecht !

D’Volos-Team (November 2025)

_________________________________________________________________________

NEIES VUM LENA

Dem Lena Erpelding, dat zanter ugangs Juni 2024 e Service Volontaire a Bolivien mécht, gefält et esou gutt dohannen, datt hatt d’Demande gemaach huet, säin Engagement ze verlängeren.

Souwuel Niños de la Tierra, wéi och d’Partnerorganisatioun FCVB an de Service National de la Jeunesse, hunn hatt bei dëser Iddi ënnerstëtzt.

D’Lena ass also net wéi ugangs geplangt am Juni 2025 heemkomm, mee hatt bleift nach ganzer sechs Méint méi laang zu Cochabamba.

Bis Enn November wäert d’Lena sech also weiderhi benevole fir d’Kanner aus dem Jardin Infantil Tirani engagéieren. Hatt deelt säin Alldag mat de Kanner an den Erzéierinnen an hëlleft beim Plangen an Duerchféiere vu pädagogesch sënnvollen Aktivitéiten an de Beräicher Motorik a Sprooch. De soziale Volet gëtt natierlech och net vergiess.

Niños de la Tierra wënschen dem Lena weiderhi ganz vill Freed a Satisfaktioun a felicitéieren him fir seng super Aarbecht !

D’Volos-Ekipp (September 2025)

_________________________________________________________________________