Bolivianesch Impressiounen

D‘Claire Zimmer vu Beetebuerg ass elo zanter August 2015 als fräiwëlleg Kooperantin vun Niños de la Tierra an der Crêche Ch‘askalla vun der Fundación Cristo Vive Bolivia zu Tirani, engem Viruert vu Cochabamba a Bolivien.
An dësem Artikel deelt hatt eis seng Impressiounen iwwer Land a Leit mat:

P1010700

„Wat méchs du dann a Bolivien?“ hunn e puer Leit mech gefrot, nodeems ech mech decidéiert hat, während engem Joer e Volontariat (ënnerstëtzt vun Niños de la Tierra a vum Service National de la Jeunesse ) an engem klengen Duerf bei Cochabamba ze maachen. Bolivien – Aarmut, Coca, Evo. Wahrscheinlech associéieren déi meescht Europäer spontan dës dräi Wieder direkt mat dësem Land am Zentrum vu Südamerika an ech wëll net soen, dass ech net zu deene gehéiert hunn. No deene 6 Méint, déi ech elo hei sinn, hunn ech schonn esou vill Verschiddenes a Spannendes erlieft – e Land voller intensiver Gerëcher, ob an der Natur oder um Maart, vill Iessen, chaotesch Busfahrten a rabbelege Camionnetten, de Chauffer en décke Bak voller Coca an déi bolivianesch traditionell Musik, déi aus de Lautsprecheren dröhnt. E Land mat villen Extremer, vum Opbau vun der Gesellschaft bis zum Klima. Ech erzielen iech elo vun deem Bolivien, sou wéi ech et erliewen, a vun deem, wat d’Leit mir erzielen.

Ugefaangen huet et scho viru méi wéi 6000 Joer, säit deem et scho verschidde Vëlker um haitegen Terrain vu Bolivien gouf. Déi eis wuel bekannteste Kultur sinn d’Inkaen, déi am 15. Joerhonnert am haitege Peru a Bolivien hiert Räich expandéiert hunn. Dobäi huet et sech schonn ëm eng immens räich an entwéckelt Kultur gehandelt, déi ënnert anerem ganz spirituell a friddfäerdeg war. D’Ruine vun den Inkaen, wou vill spirituell Zeremonie gefeiert gi sinn, sinn ëmmer op Plazen, déi vun hirer natierlecher Schéinheet eng magesch Unzéiungskraaft an eng meditativ Stëmmung op de Mënsch hunn. Woubäi Bolivien och haut nach eng enorm Diversitéit u Landschaft, Klima, Flora a Fauna bitt. Am Osten fënnt een am Summer (elo) keng Plaz wou et engem net ze waarm ass, awer, par contre, zu La Paz (850 km wäit ewech) ëm déi selwecht Zäit muss een eng Mutz an e Schal apaken. Mat enger Landfläch vun 1.098.580 km² bitt Bolivien, wat d’Ëmwelt ugeet, eng vun deene gréissten Diversitéiten vum latäinamerikanesche Kontinent (z.B. 1415 Villecherszorten; 5000 Planzenzorten). Am Südweste vu Bolivien kann een d’Salzwüst (Salar de Uyuni) a bis an de Süden eng Art Sandwüst (Sololi) besichen. Duerch bal de ganze Westen zitt sech eng Gebiergsketten (Altiplano) déi op verschiddene Plaze méi wéi 6000 m erreecht (La Paz: 3660m); Spëtzt Illimani (Bierg bei La Paz): 6402m; Titicacaséi (héichste Séi vun der Welt): 3808 m. An dëser Géigend ass d’Loft immens dréchen, am Dag ass et waarm (bis zu 25°C) an owes richteg kal. Dat anert Extrem sinn dann déi méi tropesch Gebitter am Norden an am Osten. Hei an den Urwaldzonen ass eng immens héich Loftfiichtegkeet an et kënne bis zu 40°C am Dag ginn.

DSC_0091 Anne

Wann een des immens vill verschidden a wonnerschéi Landschaften (et gëtt keng Foto déi dat richtegt Gefill vermëttele kann) erlieft, kann ee verstoen, firwat d’Inkaen an aner Kulturen sech hei niddergelooss hunn. Iwwerreschter dovun ënner Form vu Ruinen, de Sproochen (z.B. Quechua an Aymará) an den Traditiounen (z.B. d’Veréierung vun der Mutter Erde „pachamama“) fënnt een nach ëmmer iwwerall. Haut liewen nach 36 indigen unerkannte Gruppen a Bolivien, dovun 25% Aymará an 30% Quechua, déi hier eege Sproochen, eege Ritualen a virun allem Stëfter hunn. E groussen Afloss haten awer och d’Spuenier (ukomm am 16. Joerhonnert) an dëse Géigenden an d’Spueren dovunner sinn och nach bis haut siichtbar (Kolonialstil an der Architektur, Chrëschtentum, Sprooch). Besonnesch an de Stied wei Sucre, Santa Cruz a Potosí fënnt een am Zentrum wonnerschéi Gebaier am Kolonialstil, déi quasi de ganze Charme vun de Stied ausmaachen. Potosí war zu där Zäit déi räichste Stad vun der Welt, well do aus dem Cerro Rico immens vill Sëlwer extraéiert ginn ass. D’Indios si vun de Spuenier zu schreckleche Konditiounen an de Minne versklaavt ginn (4 Méint an de Minne liewen, 14 Stonnen den Dag schaffen, gëftege Stoffer ausgesat sinn,…). Duerch déi enorm schlecht Konditiounen an d‘Krankheeten, déi d’Spuenier matbruecht hunn, sinn immens vill Indios gestuerwen, sou dass ee vun engem Vëlkermord schwätze kann. Fir d’Geschäft nach méi rentabel ze maachen, hunn d’Konquistadoren dunn och nach Sklaven aus Afrika komme gelooss, wouduerch et zum Beispill an den traditionellen Dänz och afrikanesch Aflëss ginn.

Ufank vum 19. Joerhonnert hunn d’Onofhängegkeetskämpf ugefaangen, nodeems d’Indios de Wand vun der franséischer Revolutioun an der Fräiheet och mat kruten. Déi éischt Kämpf hunn a Bolivien ugefaangen, woubäi et dat Land war, dat als läscht onofhängeg ginn ass. D’Land ass nom Kämpfer Bolivar benannt an d’Haaptstad nom Sucre, déi och allen zwee no der Onofhängegkeetserklärung 1825 déi éischt Presidente waren. An der Casa de la Libertad zu Sucre läit d’Onofhängegkeetserklärung – e grousse Patriotismus ass an dësem Musée ze spieren, wat mengen ech, no deene grausame Joere gutt ze verstoen ass. Aus deem Grond ass Sucre och d’Haaptstad vu Bolivien a net La Paz (Regierungssëtz a gréisste Stad aus Bolivien).

DSC_0109 AnneSäit 2005 ass den Evo Morales Ayma (Sozialist – MAS) éischten indigene Präsident vu Bolivien. Am Ufank ganz beléift, well en aus enger Cocabauerfamill kënnt a President vun der Gewerkschaft vun de Cocabauere war, woubäi seng Popularitéit iwwert d’Joeren ëmmer méi ofhëlt. Setzt en sech souwäit fir déi Aarm an, dass en deene Räichen ze vill ewech hëllt? Entsteet doduerch eng Rivalitéit beim Vollek wat kontradiktoresch zu sengem Slogan „La unidad es el cambio“ ass? Kuerbelt en den Drogebusiness a Bolivien un? Stellt en sech géint déi westlech Welt op? Investéiert en net genuch an Educatioun a Gesondheet? Notzt en déi immens Ressourcen (z.B. Lithium) fir déi bolivianesch Economie unzekuerbelen? Probéiert en nëmmen all Muecht u sech ze räissen? Ech loossen des Aussoen, déi mat méi oder manner Sachwëssen an deementspriechenden Emotiounen vun de Leit dobausse behaapt ginn, mol als Froen stoen, well ech net weess, wat richteg oder falsch ass.

A propos Coca – den Evo setzt sech jo och dofir an, Coca net nëmmen a Bolivien ze legaliséieren – gëtt et och iwwer dëst Thema eng ganz kontrovers Diskussioun. Et gi Beweiser, dass Coca scho säit 4500 Joeren ugebaut ginn ass a fir de President fält Coca ënnert de Patrimoine vu Bolivien an d’andinesch Kultur. Eng Planz, déi säit éiweg eng enorm Roll bei spirituellen Zeremonien spillt, d’Verbindung tëschent eiser Welt an der Welt vun den Doudegen hierstellt, Aarbechter déi schwéier schaffen d’Liewen méi einfach mécht, Middegkeets- an Hongergefill ënnerdréckt a géint d’Héichtekrankheet an den Anden wierkt, ass awer leider och d’Basisprodukt fir Kokain ze produzéieren. Am 20. Joerhonnert si vun den Amerikaner immens vill Cocafelder zerstéiert ginn mam Virwand, dat wier de Grond firwat d’Bolivianer sou aarm wieren – interessant wéi hei déi verschidde Kulturen sou ënnerschiddlech Vuen op déi eng Planz werfen.

Wat d’Aarmut vun de Leit ugeet, sou ass déi bolivianesch Gesellschaft gréisstendeels an zwou Schichten ënnerdeelt: déi Aarm an déi Räich. Woubäi déi Aarm oft Baueren aus dem Héichland sinn an déi räich Nokomme vun de Spuenier, déi éischter an de Stied liewen. Dat bréngt mat sech, dass, sou traureg wéi et och kléngt, een dat oft schonn un der Hautfaarf erkenne kann. Vill Leit liewen hei ënnert (fir eis)

DSC_0083 (3)

onviirstellbare Konditiounen: een Zëmmer fir eng ganz Famill (woubäi hei eng Famill aus Grousselteren, Tattaen, Kusinnen asw. besteet), oft deelen sech zwou Famillen d‘Kichen an d‘Buedzëmmer, fléissend Waasser gëtt et nëmmen e puer Stonnen am Dag asw. Natierlech kann een elo soen, soulaang dës Mënschen net erhéngeren oder u Keelt stierwen, kann een net vun enormer Aarmut schwätzen wéi a villen afrikanesche Länner. Fir mech ass déi materiell Aarmut och net dat Schlëmmst hei, mee éischter déi séilesch oder psychesch Aarmut kéint een et villäicht nennen. Vill Kanner kréien doheem mat, dass hier Elteren Alkohol- an Drogeproblemer hunn a mussen sech heiansdo scho ganz jonk ëm hier Geschwëster këmmeren. Dat ass eppes, wat een de Leit net ofgesäit, mee réischt gewuer gëtt, wann een hier Geschichten héiert. Menger Meenung no kënnt een do als Tourist net drun an dofir huet ee villäicht en éischten Androck, dass Bolivien net esou aarm ass, wei verschidde Länner an Afrika. Déi aner Schicht vun deene Räichen liewen oft am iwwerdriwwene Luxus a weisen dat och gären – eng Mëttelschicht gëtt et net sou richteg.

Fir dat schwéiert Liewen ze vergiessen, freeën d’Bolivianer sech op all Fest (et gëtt hei fir alles eng Geleeënheet ze feieren: Día del niño, Día del mar, Día del maestro, asw). Si bereeden dës Fester mat groussem Opwand vir. Wichteg aner Fester sinn d’Daf, de 15-järege Gebuertsdag an d’Hochzäit. Fir dës Fester gëtt oft e Prêt opgeholl fir de Gäscht nëmmen dat Bescht ze bidden an – deemno wéi – iwwer e puer Deeg ze feieren. Dobäi ass et immens wichteg, wéi e soziale Status een duerch esou e Fest kréie kann. Beim Feiere spillen den Danz an d’Musik och eng ganz wichteg Roll. Fir déi traditionell Dänz (z.B. Tinku, Caporales, Morenada, asw.) ginn immens schéin an deier Kostümer kaaft a Parade vu méi wéi 4

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Stonne gemaach, fir verschidde Jongfraen (virgen) ze éieren. Dës Dänz hunn Aflëss aus der Pre Inka- an Inkazäit, vun de Spuenier an den afrikanesche Sklaven. Karneval, Fester a Paraden sinn Erliefnisser voller Freed, Faarwen a gudder Stëmmung, a leider zum Schluss heiansdo e bëssen ze vill Alkohol.

Wéi dir gesitt, ass Bolivien e geniaalt spannend Land mat ville Kontraster – schwéier an een eenzegen Tirang anzeuerdnen…

Abrazos de Bolivia

Clarita
P.S. Wann der nach méi wëllt gewuer ginn, kënnt dir op mengem Blog kucken:
annayclaraencocha.wordpress.com

Fotoen: Anne Speltz