Apr 252010
 

Kindergarten „Ch’askita“ (Sternchen) – Stärkung der Potenziale der Kinder im Vorschulalter in Tirani

2010 – 2013

Partnerorganisationen: „Fundación Cristo Vive Bolivia“

Budget: 265142,00.- €, mit Unterstützung von „Entwécklung duerch gerechten Handel“ asbl. und zu 75 % co-finanziert durch die Luxemburger Regierung

Von Geburt an und im Verlauf ihrer Entwicklung kämpfen bolivianische Kinder mit einer Reihe von Hindernissen, die ihre Rechte verletzten oder die Entwicklung ihrer Potentiale einschränken. Die häufigsten sind materieller Mangel und fehlende emotionale Zuwendung. In Bolivien leiden sechs von zehn Kindern und Jugendlichen, das sind 2,6 Millionen, an unbefriedigten Grundbedürfnissen und fünf von zehn leben unter der Armutsgrenze.

Zwischen sechs und 13 Jahren geht eines von zehn Kindern nicht zur Schule; von zehn Kindern, welche die Grundschule besuchen, sind zwei entwicklungsverzögert, vier von zehn Kindern wiederholen eine Klasse, sechs von zehn Kindern verlassen sie ohne Abschluss …

Nur vier von zehn Kindern zwischen vier und fünf Jahren besuchen den Kindergarten.

Die Gemeinde Tirani besteht aus rund 400 Familien (3000 Einwohnern), von denen 58 Pegujalores sind (Familien die von der Bodenreform 1952 in Form von Landzuweisungen aus enteignetem Großgrundbesitz profitiert haben), 120 arremantes (Nachkommen der Pegujaleros) und 280 neu angesiedelte Familien (Migranten, die aus verschiedenen Departementen des Landes zugewandert sind, die Mehrheit aus La Paz oder aus anderen Provinzen des Departments Cochabamba).

Die Bevölkerung in der hochgelegenen Zone arbeitet überwiegend in der Landwirtschaft und handhabt traditionellen, saisonbedingten Anbau z. B. Kartoffeln für den Verkauf und den Konsum. Sie widmen sich auch der Viehzucht, vor allem von Kühen, Schafen und Lamas. In der tiefer gelegenen Zone widmen sie sich der Produktion von Kartoffeln und Mais für den familiären Konsum und der Produktion von Blumen zur Vermarktung. Einige Gemeindemitglieder, die keinen Landbesitz haben, gehen Gelegenheitsarbeiten als Maurer oder Arbeiter in der Stadt oder anderen Zonen nach. Die Frauen übernehmen den überwiegenden Teil der Hausarbeit, kümmern sich um den Anbau von Blumen und ihre Vermarktung.

Folgende Faktoren bedingen die generelle Armut bzw. behindern den Ausweg aus der Armut:

- die Arbeitslosigkeit oder Gelegenheitsarbeiten mit miserablen Gehältern,

- das niedrige Bildungsniveau vieler Mütter (91 % haben maximal eine Grundschulausbildung, unter ihnen sind viele Frauen, die nie die Möglichkeit hatten, eine Schule zu besuchen),

- der hohe Alkoholmissbrauch der Erwachsenen,

- die mangelnde Planung des familiären Budgets,

- die Präsenz von Gewalt innerhalb der Familie, sexueller Missbrauch und

- die teilweise oder totale Vernachlässigung der Kinder.

Von diesem Projekt werden direkt 100 Kinder aus der Gemeinde Tirani profitieren, die zum Großteil aus Quechua- oder Migrantenfamilien stammen. Indirekt profitieren auch die Familien, die Mütter und Väter, die sich auf unterschiedliche Weise für die Ziele des Erziehungsprozesses, der Gesundheitsvorsorge und der menschlichen Förderung im Kindergarten „Ch’askita“ einbringen werden. Außerdem ermöglicht die Kinderbetreuung eine Erwerbsarbeit der Frauen, vorwiegend in der Landwirtschaft, um so Einnahmen zu erwirtschaften, durch die ganze Familie ihren Lebensstandard verbessern kann.

Das Projekt wird durch die Gemeinde Tirani unterstützt. Die Gemeindevertreter haben  einen Vertrag unterzeichnet, der das Gelände, auf dem der Kindergarten gebaut wird, für zwanzig Jahre der Nutzung durch die Fundación Cristo Vive übergibt. Für die langfristige Funktion des Kindergartens werden beim Sozialamt SEDEGES staatliche Mittel für Nahrungsmittel- und Lernmittelstipendien für alle Kinder beantragt werden. Für Löhne und andere laufende Kosten ist auch mittelfristig die Unterstützung der Fundación Cristo Vive Europa e. V. erforderlich, bis sich das staatliche Engagement der Vorschulbildung verbessert hat. Der finanzielle Beitrag der Eltern für ihre Kinder im Kindergarten wird sich auf eine kleine Summe belaufen, da sie nur beschränkte finanzielle Möglichkeiten haben.

Aufgrund des partizipativen Charakters der Projekt-Planung und  -Implementierung ist eine jährliche Selbstevaluierung mit dem Team und Elternvertretern vorgesehen.

Die Durchführung der Arbeiten ist wie folgt vorgesehen:

- Partizipative Planung des Kindergartenprojekts in seinen unterschiedlichen Phasen

- Präsentation der Pläne und Kostenvoranschläge durch den Architekten

- Untervertragnahme der Baufirma

- Bau des Kindergartens durch die Baufirma, Begleitung durch Supervisor

- Anlage des Hofs, Gras, Baumpflanzung und Bau des Spielplatzes in Zusammenarbeit mit den Freiwilligen

- Vorbereitung der Mütter auf die Mitarbeit im Kindergarten

- Ausarbeitung des Bildungsprojekts

- Anträge auf entsprechende Genehmigungen

- Bewerbung um Nahrungsmittelstipendium

- Implementierung der Räume, Küche, Speisesaal, Toiletten, Lager

- Untervertragnahme des Personals

- Implementierung der Ausbildungsarbeit und der wesentlichen Arbeit im Elternzentrum

- Kooperation mit der Krankenstation, um die Gesundheitsziele zu erreichen

Finanzierung des Projekts:

Anteil MAE : 176761,33 €

Anteil Niños de la Tierra asbl. : 88380,67 €

Anteil Entwécklung duerch gerechten Handel asbl. : 40000,00 €

Gesamtkosten: 265142,00 Euro

 Posted by at 12:09
Apr 222010
 

Mir waarde, waarde, waarden.. elo schon e puer Deeg… z.B. virgëschter beim Bureau vun der KLM.

 Op e Freideg den Owend si mer vertréischt ginn, si géngen sech bei eis am Hotel oder um GSM mellen a wann net da solle mer awer mol mat eisem Gepäck kommen. Dat bedeit konkret: all eise Kreemchen apaken, am Hotel auschecken, fir 25 Dollar eng Stonn op de Flughafe fueren a wann et dann net geet, erëm dat selwecht hannerzeg an der Hoffnung, dass d’Hotelzëmmer nach do ass! An um Site vun der KLM ass mar Freideg iwwerhaapt kee Vol vu Lima notéiert. De Jean-Paul probéiert emol haut, mee mir zwee si jo 3 Deeg méi spéit ageplangt, mir hunn also haut nach keng Chance.

Och wann d’Onsécherheet eis Nerve kascht, da loosse mer trotzdem de Kapp net hänken. Kuckt emol wuer mer virgéscht den Owend iesse waren: Nobel, nobel – a ” les pieds dans l’eau”! -

Gëscht war mer an de Musée archéologique an anthropologique mat super Keramik, Stëfter asw – a kuckt emol wat mer do gesinn hunn!

D’Mirschwéngchen gouf et schon deemols Gréngen Donneschdeg! Verschidde Leit waren e bësse geschlaucht,

dat kënnt vun der extrem héiger Loftfiichtegkeet. (An ech hunn eng Taxiserkältung vum villen Duerchzug.)

Mee, wéi ëmmer an sou Fäll, gëtt et jo eng national Medezin, déi een erëm hëllt!!

- A mir konnten nach gläichzäiteg Bayern-Lyon kucken.

Liest der iwwerhaapt nach eise Blog, dir Léiwer? Mir fannen eis sou richteg um Entzug. Keng abrazoen méi vun eise léiwe Partner a keng Kommentare vun den Nitis. A grad elo brïchte mer dach där Streicheleinheiten :-)

Lo gi mir zwee mol nach an d’Alstad ( do war de Jean-Paul leschte Sonndeg) an de Jean-Paul bereet seng Valise a seng Moral op en eventuelle Coup de Chance vir. Mir halen iech um Lafenden.

Cariños

Mj

 Posted by at 16:22
Apr 202010
 

D’Anna-Maria hat e risegen Empfangscomité zesummegtrommelt fir eis um Flughafen ofzehuelen.

Nodeems hat eis nach séier duerch d’Kathedral geschleist hat a mir am Hotel eist Gepäck ofgesat haten, si mer op  Pisaq op de Maart gefuer.

Owes si mer dunn an d’Zentral vun FCVP gefuer. Do krute mer di ganz Equipe nach eng Kéier virgestallt a mir hunn eis d’Raimlechkeeten ugekuckt. Och dei deitsch Voluntarios hun mer getraff, an besonnesch d”Anne Seul huet eis gehollef beim iwersetzen.

Si hunn dat Haus vun de Fransiskaner tipp topp renovéiert an ageriicht (matt schwäizer Suen).Mir kruten d’Aarbecht vun der FCVP mat Powerpoint Präsentatiounen am Détail virgestalt, hu matgesongen etc.
 
Den aneren Daag war ganz fir Sonqo Wasi (Fraenhaus) reserweiert. Endlech kruten mer emol een Iwerbléck iwert déi momentan Situatioun.
Mir hun eis matt offiziellen Leit vun den Ministerien getraff an do och eis intensiv agesat fir dass si dese Projet weider ennerstetzen.
Mettes hu mer beim Annamaria senger Mamm giess, an do hun ech dem Lydie missen uruffen, fir Detailer ze klaeren, waat de Projet ugeet.
Sie wellen elo awer (nieft der Renovatioun vun Ayuda Mutua) nei bauen, fir datt alles compact op enger Plaz ass (op engem Terrain ganz heich iwert Cusco, wou se fir 20 Joer Commodato vun den Franziskaner kruten).
Zu menger Berouegung gett awer nemmen dat aus eisem Projet finanzeiert, waat firgesin war. De Rescht mussen se aaneschters opdreiwen oder mir kennen (an 2 Joer)een Zousaatzprojet maachen.
Geint den Owend (no villem hin an hir) sin mer dun am Sonqo Wasi (am gelounten Haus) vun allen Fraen an Kanner empfangen gin (et sin 7 Fraen an 15 Kanner do).
Daat war ee ganz emotionalen Owend, matt Temoignagen dei ennert Haut gaangen sin, ee gudd Iessen an dun Danz a Musek> super. De Projet u sech ass also gudd um laafen an d”Leit dei responsabel sin schengen tiptop. Och hier Comptabiliteit ass an der Rei (uff).
E ganz wichtegen Moment zum Schluss vum Owend: Mir kruten als Cadeau en Tableau Cuscueno iwwwerrecht: De Jean-Paul dee groussen mat engem Erzengel a mir-Gott sei Dank- dee méi klengen mat enger Muttergottes an eiser klenger nieta. Mir woussten net ob mer sollte laachen oder kraischen, mee d’Kanner waren total begeeschtert. Am léifsten haette mer si mat eise Meeschterwierker begléckt :-)
 
 
Den aaneren Daag, e Samschdeg also,  gung et op Yunkaypata an op Los Huertos (heich iwert Cusco, um Land). Do ass een immens erstaunt datt nemmen 10 km vun Cusco ewech eng ganz aaner Welt ass. Total aarmseileg Stroossen an Heiser, iwerall Schwein an Fierkelen an de Stroossen, Stepps an Dreck.
Mais an der Schoul goufen mer vun liewegen an zimlech propperen Kanner empfaangen an dei momentaan Situatioun ass hei besser wei erwaart (matt hellef vun der FCVP an den Volontarios).
 Mir hun och Ableck an Heiser kritt, an daat waar ganz impressionnant. Et gouf och iwert dem Camille Gira sein Projet geschwaat (hei besteet nach emmer Interet) .
Duerno Visite vun den Bewaesserungssystemer um Campo.
No engem schnellen Iessen sin ech (JP) dun fortgeflunn op Lima, an Kohnsfamily haat nach schein an och opreegend (!!!) Aventuren zu Cusco an MachuPichu.
Am Endeffekt hu mer nemme Cusco by night gesinn, dat stelle mer elo op eise Photoe fest!
D’Ana-Maria hat eis fest am Greff an ouni sain Handy goung guer naischt!
Machu Picchu war wonnerschéin,
 
mee d’Urees ( um 4.00 Auer prett stoen vir um 4.30 nach emmer net ofgeholl ze gin) a besonnesch d’Heemrees, déi eis aifreg Frendin wollt iwwer Handy ofaenneren, waren een eenzege Stress.
Aplaz um 15.00 Auer, wéi geplangt, si mer schlieeslech um 21.30 an den Zuch geklomm, noddems mer all Stonn biedele goungen, fir matgeholl ze ginn, an um 1.45 am Hotel geland!!! An du hu mer nach bal eng Stonn versicht eise Vol fir op Lima ze confirméieren a ware schliesslech bal 24 op!!
De mueren zu Cusco um Flughafen ass et mam Chaos weidergaang! D’Ana-Maria a seng Equipe sinn net opgedaucht obschons se eis wollten Aeddi soen, an d’Lan Peru wollt eis net mathuelen obschons alles mat Setsplaye gebucht war. – Ob eemol goung et dunn dach a mirsi, ganz frustréiert ( well ouni 100.000 Kussen!) an de Fliger geklomm. Si hu sech glaich iwwer Mail gemeld: De Flughafe war ofgespaart wéinst hirem President an d’Cadeaue fir d’Nitien welle se eis elo op Lima schécken. Qué lindo!  A ganz schéi Bonjouren fir d’Lydia, la Gaby, Micheel, Fernande y todos los Nitis.
Zu Lima hu mer e ganz entspaante Jean-Paul getraff, dee sech, no e puer Museesvisiten, ganz einfach mat engem Buch am Park beim Mier op d’Baenk setze geet – obschons e weess dass doheem vill Bomien op hie waarden. Dat fannen ech scho bal historesch :-)   Mj
 
J.P: Well mer awer weinst den Annulatiounen vun den Volen nach emmer hei zu Lima sin, hun mer eis haut nees eremgetraff (datt gett den Owend an engem Restaurant gefeiert).  Ech hun elo schons 2 Deeg Lima hannert mer an elo faengt een un sech eremzefannen an deser Megacity (iwert 11 Milliounen Awunner).
De Misch kann sech berouegen> Hei maachen mer keen Projet. Mir wellen elo endlech nees heem !!!!!!!
Groussen Saluti
JP  MJ  M  
 Posted by at 06:12
Apr 152010
 

Haut war Tourismus ugesot.

Fir d’éischt si mer d’Ruinen vun Tiwanaku (3000jähreg Andenkultur virun den Inka) kukke gaang.

Nom Mëttegiessen hu mer du nach den Tour ronderëm d’Hallefinsel vun Taraco am bolivianeschen Deel vum Titikaka-Séi gemaach.

Alles ganz impressionant.

Wéi mer em 18.30 Auer  erëm zréck am Hotel waren, huet de  Pater Claesen schon op eis gewaart. Mais anstatt zu 3, wéi ofgemaach, waren si zu 8 !!! Mir waren e bësse genervt …

Zum Gléck ass eist Gespréich awer nach gutt iwwert d’Bühn gaang.

Détailer doheem.

 Posted by at 05:04
Apr 152010
 

Matt e bessen Retard mellen mir eis , fir iwert eis super Rencontre matt Contexto ze berichten. Mir sin moies am Hotel vum Theresa (hier Direktora) oofgeholl gin an dun an hiren Siege gefuer. Den Empfang war iwerweltegend, an iwerall hungen Plakaten matt eisen Nimm.

Et gouf sech virgestallt an mir kruten impressionnant Statements vun hiren Mattarbechter gehaalen.

Duerno sin mer op El Alto gefuer, fir hier Kannergaert ze besichen (deen eichten hun ech schons kannt vu menger Visite 2008).

Durno an een ganz aarmen Quartier vun El Alto, wou een wierklech metten an deem schwieregen Liewen fun den Leit waar,

mais matt ganz vill Herzlechkeet empfangen gouff (ganz impressionnant).

Dun sin mer eroof op La Paz gefuer, mais an enger Poblacion am Bierg stoen bliwen, wou Contexto sein eischten Projet haat. Do war dun (de Mich wier begeeschtert gewierscht) eng Zeremonie op Basis vun der Theologie vun der Befreiung iwert den Freire… Erennerungen un dei eischten Reuniounen zu Santiago sin erwecht…

Mir kruten och nach de Fraenatelier – iwwert Mikrokredit finanzéiert – virgestallt.

Dun eroof an hiere Bureau fir Conclusiounen ze zeien. Mir sin total begeeschtert vum Konzept, de Leit an den Perspektiven vun Contexto. So zimlech alles ass hei esou wei mir eis ett vierstellen. Et ass dunn och schons konkret iwert ee projet geschewaat gin. Mir kennen iech nemmen dei herzlech Stemmung bei hinnen recommandeieren.

Mir mengen datt matt desem Partner eppes Flottes kann entstoen, well sie voll bei de Leit (besonnesch de Fraen) sinn an déi eng ganz stark Impressioun op eis gemaach hun.

Jean-Paul

De Jean-Paul huet vum häerzlechen Emfank erzielt: Dat hate mer bis elo awer nach net: An engem Dag krute mer 4x e Blummen-oder Marsh-Mellows Kranz emgehaang a Konfetti (= mixtura) op de Kapp gestreet!!! Am Hôtel si se sécher extra frou mat eis, well et huet ee wann ee sech ausdeet, konfetti iwwerall! – a fir d’Insider: Mir waren zu spéider Stonn nach mam Taxi op Sopokatchi bei den Argentinier e gudde Maufel iessen ;-)

M-José

 Posted by at 04:23
Apr 142010
 

A 5 Minutte fuere mer op Tiwanaku d’Tempel-Ruinen vun der Vir-Inka-Kultur kukken. Da maache mer och nach e kléngen Ofstiecher op den Titikaka-Séi. Wa mer do erëm sinn hunn ech e bëssen Zäit fir vu gëschter iwwert eisen Dag mat Contexto ze schreiwen. Duerno, em 7 Auer kënnt de Pater Claesen nach an den Hotel. Mar si mer da schon zu Cusco.

 Posted by at 12:58
Apr 132010
 

Mir sinn haut an der Mëttesstonn hei zu La Paz ukomm.

Den Evo Morales hat awer anscheinend guer keng Zäit fir eis ze empfänken.

Du si mer alt op den Hexemaart an an de Musee vun de bolivianesche Museksinstrumenter gaange. Hei si mer op een immens sympatesche Guide gefall

(nëmmen ze rekommandéieren).

De Musee selwer ass och immens flott, an am leschten, interaktiven Deel hu verschidde Leit sech erëm net gepackt!

 Posted by at 05:37
Apr 122010
 

No engem extraflotten Flug matt Aerosur op Sucre (iwert Santa Cruz)  (mir fleien nemmen mei Aerosur weinst dem Service: a voir absolument…)

sin mer vum Maite oofgeholl gin an (no engem killen Beier am Hotel) gung ett op de Campo hannert Tarabucco (2 Stonnen Fahrt, dofunner 1 Stonn op ganz abenteuerlecher Piste).

Du waren mer bei 2 Communauteiten, matt deenen Asur schafft: Et war immens ze gesin, wei hei “an der Brousse” Artesania op heigem Niveau gemaach gett an matt de Kanner (an hirer Freizeit) alles probeiert gett, fir d’Traditioun vun den aalen Musteren an der Qualiteit ze haalen.

Eng ganz impressionant Erfahrung. Mir hun och bei hinnen giess

an du gung ett weider bei en Poterieatelier matt Jongen, dei daat tip top gemaach hun.

Zimlech groggy sin mer dun Owes no  8.30 Auer zu Sucre ukomm. Dun nach seier eng Pizza iessen an an d’Klapp (mir hun endlech mol eng richteg Nuecht durch geschloof).

De Sonndegmueren war dun Tourismus zu Sucre, bei bloem Himmel an super Wieder. Mettes waren mer beim Maite fir z’iessen, an bei hirem flotten Panoramableck aus dem Gaart op Sucre eroof huet ett sech gudd diskuteiert an gerascht.

Um 3 Auer koum dun d’Veronika vun ASUR (eng ganz leiw Persoun vun 77 Joer dei Asur gegrennt huet a bis haut leed: d’Maite soll hier Nofolleg  iwerhuelen!!!).

Mir hun iwert de Projet fir de Boutek Tiers Monde diskuteiert an maar gin mer nach schnell an hire Bureau beim Musee.  Sou, elo sin mer honngereg an den Owend sicht d’Marie Jose de Restaurant eraus: Gudden Appetit.

 Posted by at 18:53
Apr 122010
 

Mueres huet d’Nicola eis am Hotel ofgeholl fir op Bellavista ze fueren. Well hat keng Loscht hat ze fueren , huet et eis gefrot, ob ee vun eis wëllt fueren. De Jean-Paul hat kee Führerschäin dobäi, du ass et u mir hänke bliwen. A Bolivien muss een einfach mat deen anere matfueren an op de Kräizungen esou maachen wéi wann een ëmmer d’Virfahrt hätt.

 

Zu Bellavista si mer du vir d’éischt dem Annemarie s’eng Posta Medico an Residencia Luise kukke gaang.

Duerno si mer erof bei d’Beruffsschoul an de Kannergaart gefuer.

Mir hunn eis alles ugekuckt a fir d’Mëttegiessen ware mer bei der Schwëster Antonia agelueden. Do koumen dann och d’Karoline an de Padre Mariano.

Nomëttes waren dann3 Stonne Reflexioun mat den Enséignants an de Schüler(op fräiwëlleger Basis). Mir sinn awer net di ganz Zäit bliwwen, well d’Karoline nach e wichtege Rendez-Vous zu Cocha hat.

Owes hu mer eis dunn all erëm gesin op der grousser fiesta andina zu Tirani.

Do war ganz vill lass. Et guef gedanzt an Musek gemaach (greistendeels vun den Schueler aus der Handwierkerschoul an dem Internat),

 duerno Ko’a (Zeremonie fir der Pachamama merci ze soen: ganz serieux an impressionnant).

Dun hun mer offiziell den Convenio ennerschriwen, dass d’Nitis fir 3 Joer bezuelen. An dun bis 1 Auer an der Nuecht waren och mir op der Danzpiste….

 Posted by at 00:57
Apr 112010
 

Hallo alleguer!

Mir sinn de Mueren em 10.30 hei zu Sucre ukomm.

Vu gëschter zu Tirani an haut de Mëtteg mam Maïté bleiwt nach villes ze erzielen. Elo ass et awer scho spéit an ech sinn déck midd.

Dir mussst iech also nach e bëssen gedëllegen

 Posted by at 04:12